www.era-plongee.lu

CCP:   IBAN LU55 1111 0613 6258 0000

BCEE: IBAN LU65 0019 3000 0980 8000

TEL.: 55 76 02

LOKAL: 60, rue du Fossé L-4123 Esch-Uelzecht

 

                                                                                   Esch/Uelzecht, de 16. Febuar 2004

 

Bericht vun der Generalversammlung vum 13. Febuar 2004

 

Ufank um 19.15 h

De Präsident Antoine Mutsch begréisst jiddereen op der Generalversammlung am Clubhaus vum Camping Galgebiirg zu Esch/Uelzecht a speziel d’Madame Buergermeeschter Lydia Mutsch, de Gemengeconseiller Frunnes Maroldt an de Präsident vun der Daucherféderatioun Jean Daleiden.

Et sinn eng 50 Leit op d’Versammlung komm.

Den Här Mutsch bedauert, dat kee Vertrieder vun der Press komm ass. An eng klenger Usprooch seet hien sech erfreet, dat no enger méi schwiereger Zäit, de Club elo nees wonnerbar do steet.

An sengem Bericht erklärt de Sekretär Claude Kies, dat de Club eleng an der Dauchersektioun an der leschter Saison eng 20 nei Membere kritt huet. Déi 2 Sektiounen hun am Ganzen elo 159 Memberen (Fitness: 89 / Daucher: 70) Wat d’Lizenze betrëfft, esou leie mer mat 34 Lizenze bal op 50%, an erfëllen domat d’Konditiounen vun der Féderatioun.

De Club kann e gudd gefëllten Aktivitéitsbericht virweisen: Fuesfeier vun de Fitness-Dammen an der Schwemm, Ouverture a Fermeture vun der Saison um Stauséi, Bedeelegong un der Staubotz, Organisatioun vun engem Ënnerwaasser-Fotosconcours, Dauchcroisière am Roude Mier, Erausbrenge vun engem wonnerschéine Kalenner mat Fotoën aus dem Stauséi (300 Stéck), 3 Sortiën am Joër vum Fitness, Dauchbaptêmen mat Schoulkanner an nach villes méi.

 

Méi an den Détail geet ët dann an de Berichten vun de Sektiounen.

De Pierre Peters erklärt de Verlaaf vun den Trainingen, Brevetën an Aktivitéiten bei den Daucher an ernimmt virun allem dat staarkt 
Engagement am Kannerdauchen. D’ERA-Plongée gehéiert zu den aktivsten Dauchveräiner am Land. De Pierre zielt d’Kandidaten op, déi 
dëst Joër hiere Brevet bestaanen hun a erwähnt déi gudd Ambiance déi am Club an och am Kommitee besteet.

D’Trainingen sin gudd besicht:    - Donneschtes am Lycée Technique Esch vun 19.15 h bis 21.00

                                                         - Samschtes an der neier Badanstalt vun 19.45 h bis 21.30 h

                                                         - All Dënschtes um Stauséi um 19.00 h (d’ganz Joër iwwer)

                                                         - All éischte Freiden am Mount an der Fosse um Kierchbiirg

 

D’Yvette Pigat seet senger ganzer Equipe merci fir déi fantastesch Bedeelegong un den Trainingen an den Aktivitéiten. Den Alter vun hiere Memberen reecht vun 12-80 Joër. Och d’Trainingen vum Fitness gi gudd besicht.   Dës sin:  - AquaGym Méindes an der Schwemm vum 
Lycée Technique vun
19.30 h – 21.00 h

- Aerobic Mëttwochs am Lycée Technique vun 19.30 h – 21.00 h  

- AquaGym Freides an der Schwemm vun der Brillschoul vun 19.00 h – 21.00 h

 

An hierer Usprooch begréisst d’Buergermeeschtesch déi positiv Bilanz vum Club an ass frou, dat d‘ERA-Plongée een vun den éischte 
Veräiner
war, dee sech bereet erklärt huet beim Télévie mat ze maachen.

Vir d’Zukunft wënscht Sie dem Club alles Guddes.

Duerno war ët um Präsident vun der Féderatioun, deen sech virun allem doriwer freet, dat d’ERA elo nees méi präsent an der F.L.A.S.S.A. 
ass, nottament duerch déi grouss Unzuel vu Lizenzen. Hie réit dem Club sech besonneg dofir anzesetzen nei Moniteuren ausbilden ze 
loossen, fir dat ët och an Zukunft weider esou gudd leeft.

An sengem Rapport, huet de Keessier Pascal Mudler en équilibréierten Bilan virgewisen. Zu den  Ausgaben hu gezielt: Revisioun vun de 
Fläschen an Détendeuren, Revisioun vum Kompresser, kleng Aquisitiounen fir de Fitness. Nees eran sin d’Souen komm duerch de Bäitrag 
vun de Memberskaarten an dem Verkaaf vu Kalenneren, T-Shirten a Fleecen.

De Keessier huet seng Décharge kritt.

Och de Komitee huet seng Décharge kritt.

De Pascal Goedert ass neie Member am Komitee gin, deen elo aus 14 Leit besteet.

De Bäitrag an den Droit d‘Entrée ass vir d’nächst Saison op 50 € gehuewe gin. D’Studente bezuelen 30 € .

De Fitness bleiwt op 30 €.

D’Generalverammlung war um 20.00 h eriwer

Duerno ass et op de Kascht gaangen.

 

Brevets 2003

Niveau 1

Niveau 2

Nitrox

Nitrox confirmé

Koch Jean Albert

Biasini Lex

Raach Alain

Schmitz Claude

Eischen Marc

Goedert Pascal

Kayser Fern

 

Sergonne Mike

Raach Alain

 

 

Valerius Gérard

Mudler Pascal

 

 

Valerius Lola

Kayser Fern

 

 

Luciani Jean-Claude

Della Siega Kristof

 

 

Gutenkauf Max

 

 

 

autres Brevets 2003

CMAS** Baracuda

Niveau 3

FFESSM

Niveau 4

FFESSM

Moniteur*

FFESSM

Bacinski Roby

Rob Claude

Kies Claude

Kies Claude

           

 

An nach ganz wichteg :  !!!!!!!!

Déijeneg, déi hiere Bäitrag fir d’Saison 2004 nach nët bezuelt hun, sollen daat nach w.e.g. virum 1 Abrëll maachen (40

Soss sid dir leider nët méi Member vun der ERA-Plongée

Bäitrag: 40 €

CCP:   IBAN LU55 1111 0613 6258 0000

BCEE: IBAN LU65 0019 3000 0980 8000

 

 

 

 

retour